Rechtlech Hiweiser

Editeur, Hosting Provider, Proprietär

Den Internet Site capsule.lu a säi Contenu sinn d’Proprietéit vun der Firma CAPSULE, mat Sëtz op 55, Rue Dr. Klein, L-9054 Ettelbruck, Lëtzebuerg déi am Registre du commerce et des sociétés de Luxembourg ënnert der Nummer B248899 agedroen ass.

Wann Dir als Benotzer eng Anomalie oder soss e Problem op dësem Site sollt feststellen, da went Iech w.e.g. un: info@capsule.lu

Den Internetsite ass a Frankräich hebergéiert bei OVH, 2 rue Kellermann, BP 80157, 59100 Roubaix, Frankräich.

Andeems een de Site weider benotzt, akzeptéiert de Visiteur folgend Konditiounen.

CAPSULE behält sech doriwwer eraus och d’Méiglechkeet vir, d’Benotzerkonditioune vun dësem Site all Moment ze änneren. An deem Sënn réit CAPSULE alle Benotzer, reegelméisseg déi lescht Versioun vun de Benotzerkonditioune vum Internetsite ze consultéieren.

Fir all Reklamatioun kann de Benotzer den Editeur vum Internetsite op folgender Adress kontaktéieren: info@capsule.lu

Benotze vum Internetsite

De Benotzer engagéiert sech, den Internesite uerdnungsgemäss ze benotzen, d’Rechter vu CAPSULE net ze verletzen an hinnen net ze schueden.

De Benotzer engagéiert sech der Firma hir Reputatioun net ze schiedegen, d’Firma net ze verleumden oder ze bedrängen, oder CAPSULE, engem vun hire Clienten oder engem Drëtten ze droen a kee Gerät, Programm oder Software ze benotzen, deen dem Fonctionnement vum Internetsite kéint schueden.

Objet vum Internet site

D’Zil vum Internet Site www.capsule.lu ass:

  • D’Firma CAPSULE virzestellen;
  • D’Projeten, déi CAPSULE realiséiert huet, virzestellen;
  • D’Neiegkeete vun der Firma CAPSULE virzestellen;
  • De Benotzer ze erlaben, mat CAPSULE a Kontakt ze trieden;

Intellektuellen Eegentum

Den Internetsite, grad wéi säi Contenu gehéieren CAPSULE a gi vun hinne bedriwwen. D’Texter, d’Fotoen, d’Publikatiounen, d’Dokumenter fir erofzelueden oder all aner Kreatioun oder original Dokumenter, sinn duerch d’Urheberrecht op eng net limitativ Aart a Weis geschützt.

CAPSULE ass de Rechteinhaber vum intellektuellen Eegentum an ass berechtegt, d’Reproduktioun oder d’Representatioun ze erlaben. All Reproduktioun, Representatioun, Iwwersetzung, Adaptatioun oder Citatioun, ob integral oder deelweis, vun den uewe genannten Elementer, ass strengstens verbueden, ausser et läit eng schrëftlech Erlaabnes vun CAPSULE vir, déi am Viraus uegfrot gouf.

Den Internetsite ass fir Äre perséinleche Gebrauch virgesinn mat engem net kommerziellen Zil. D’Benotze vum Inhalt vum Internetsite oder iergendengem Element vum Internetsite ausserhalb vun engem perséinlechen a private Gebrauch, erfuerdert am Virausser eng schrëftlech Erlaabnes vun CAPSULE.

Zougang zum Internetsite

CAPSULE beméit sech ëm d’Disponibilitéit vun dësem Internetsite. Allerdéngs kann CAPSULE net verantwortlech gemaach ginn, fir eng zäitweileg Indisponibilitéit vum Internetsite aus Maintenancegrënn, oder well Verbesserunge virgeholl ginn, oder aus technesche Grënn, déi net op d’Firma zréckzeféiere sinn. CAPSULE behält sech d’Recht fir, engem Benotzer den Zougang zum Internetsite zu all Moment an ouni Virumeldung ze verbidden.

Lienen op aner Internetsitten

Den Internetsite ka Lienen op extern Internetsitte benennen, déi Iech interesséiere kéinten.

CAPSULE kann net an d’Verantwortung gezu ginn, wann et ëm de Contenu vun enge vun dësen Drëttpartei-Internetsitten geet, op déi Dir Zougang krut via den Internetsite.

CAPSULE huet kee Kontrollmëttel iwwert de Contenu vun dësen Drëttpartei-Internet Sitten, déi onofhängeg vun CAPSULE sinn.

Doriwwer eraus heescht d’Bestoe vun engem Lien tëscht dem Internetsite an engem Drëttpartei-Internetsite kengesfalls, dass CAPSULE de Contenu vun dësem Site op iergendeng Aart a Weis approuvéiert oder d’Benotze guttheescht.

Kontakt

Dir kënnt eis fir all weider Informatiounen iwwer d’Email info@capsule.lu kontaktéieren.

Geltend Recht

All Litigen a Relatioun mam Internetsite, senger Consultatioun oder d’Benotzen dovun duerch de Visiteur ënnerleien der Lëtzebuerger Gesetzgebung an der Kompetenz vun de Lëtzebuerger Geriichter.