Eis servicer

Scrollt fir ze kucken

CAPSULE ass eng méisproocheg Video-Produktiounsfirma mat Sëtz zu Lëtzebuerg, déi sech op audiovisuell Kommunikatioun spezialiséiert huet a moossgeschneidert Inhalter fir Clienten aus der institutioneller, Geschäfts- a Kulturwelt liwwert. Sämtlech Videoe kënnen am Kuerzformat deklinéiert a fir d’sozial Netzwierker (Facebook, LinkedIn, Instagram, TikTok …) ugepasst ginn.

  • 4 Sproochen: LU, FR, EN, DE
  • 136 realiséiert Projeten
  • 127 km Droneflich

Corporate

Corporate

CAPSULE kreéiert Presentatiounsvideoe vun Ärer Entreprise, an deenen Dir d’Philosophie, d’Missioun oder d’Wäerter vun Ärem Betrib duerstelle kënnt. Mir gi vun engem festgeluechte Storyboard a Script aus, déi och mat enger Off-Stëmm ënnerluecht kënne ginn. Dir wëllt e spezielle Service an de Fokus setzen oder heefeg gestallte Froe vun Äre Clienten/Partner beäntweren? CAPSULE schafft mat Iech zesummen dat Videoformat aus, dat bei Är Besoine passt.

Kuckt eis aktuellst Videoen

Interview

Enregistrement vun Temoignagen, vu Fro an Äntwert-Sessiounen, mëndleche Presentatioune mat oder ouni Teleprompter, live Ëmfroen op der Strooss … Dank der journalistescher Erfarung vun hirer Ekipp an dem adequate Material ass CAPSULE an der Lag, all Zorte vu „FaceCam“-Videoen ze realiséieren. Wann néideg, kann och e klenge Filmstudio bei Iech am Betrib oder op der Plaz vun Ärem Evenement installéiert ginn.

Kuckt eis aktuellst Videoen
Interview

Event

CAPSULE couvréiert Är Evenementer, filmt den Dag selwer déi wichteg Momenter, interviewt d’Intervenanten op der Plaz a fänkt déi allgemeng Atmosphär vun Ärer Veranstaltung an. Resultat nom Montage? En uspriechenden Aftermovie, mat deem Dir d’Evenement an Erënnerung behaalt, an de soziale Medien doriwwer kommunikéieren, awer och schonn en Avant-Goût vun där nächster Editioun vermëttele kënnt.

Kuckt eis aktuellst Videoen

Reportage

Eng Geschicht erzielen, eng Perséinlechkeet portraitéieren, hannert d’Kulisse vun enger Plaz kucken, en dokumentaresche Storytelling kreéieren, eng Neiegkeet ukënnegen oder illustréieren … CAPSULE stäipt sech op d’journalistesch Karriär vun hire Grënner, fir informativ an ästheetesch Videoreportagen ze dréien an ze montéieren, déi mat enger professioneller Off-Stëmm, sief op der Basis vun engem geliwwerten Text oder vun op d’Mooss verfaassten Texter, ënnerluecht kënne ginn.

Kuckt eis aktuellst Videoen
Reportage

Drone

CAPSULE proposéiert Opnamen aus der Loft, déi Äert Theema aus enger anerer Perspektiv beliichten an Ären Inhalt souwuel informativ wéi och ästheetesch opwäerten. Drone sinn haut héichaktuell a praktesch onëmgänglech, wann et drëm geet, Videoe mat enger eenzegaarteger Dynamik ze kreéieren, fir zum Beispill de Suivi vun engem Chantier ze dokumentéieren, e Site oder eng Entreprise am Ganzen ze weisen, awer och fir d’Schéinheet vun eiser Ëmwelt ervirzesträichen.

Kuckt eis aktuellst Videoen
Drone